Rouh a Fridden Samed


18 November 2021

Virun enger Woch hu mir déi schrecklech Noriicht vun dem Samed sengem Doud kritt a säit dem ass an eisem Veräin näischt méi wéi et virdru war.
 
De Samed huet zu Ëlwen bei de Bambini ënnert der Leedung vu sengem Papp Enes ugefaange mat Fussball spillen.
 
Seng Kolleegen aus eiser éischter an zweeter Ekip, eis Pupillen déi vu sengem Brudder Beno trainéiert ginn, eis Trainer an eis Comitésmembere sinn an déiwer Trauer.
 
Rouh a Fridden Samed